top of page

Autonom léieren

Updated: Nov 30, 2023




De Schoulmeeschter steht virun der Tafel an erkläert engem Meedchen eppes. Zwee aner Schüler passen op, wat hien seet. Ein anert blond Meedchen mat roudem Pullover sëtzt vir bei sengem  Schreifdësch a kuckt lächelnd op dech.
Eng Klass an der Primärschoul

Andeems mir an der Primärschoul effikass Léiermethoden aféieren, erlabe mir eise jonke Geeschter, autonom ze sinn. An dësem digitalen Zäitalter ass et immens wichteg, datt mir eis Kanner mat allem equipéieren, wat si brauchen, fir datt si an hirer Educatioun gutt viru kommen a schoulesch dat erreechen, wat si och wierklech wëllen.


Dofir musse mir als Erwuessener ëmdenken.


Mir kënnen a sollen eis Kanner net sou behandelen, wéi mir behandelt gi sinn, wéi mir nach Kanner waren. Schnellliesen, Mindmapping, Mnemotechniken a vill aner Methoden, fir dat Geschriwwent besser ze verhalen an ze verstoen, ginn hautdesdaags a Seminäre fir, zum Beispill Manager oder Politiker, enseignéiert, sou dat si besser Rieden hale kënnen, besser informéiert sinn an ëmmer gudden Androck hannerloosse kënnen. Firwat soll nëmmen ee klenge Grupp vu Leit vun deene Methode profitéiere kënnen? Menge mir wierklech, datt eis Kanner ze kleng sinn, fir sou Saachen ze léieren? Menge mir wierklech, dat wär ze schwéier fir si? Ech selwer ka kee Chineesesch. Fir mech ass dat ze schwéier fir ze léieren. Ma stellt Iech vir; a ganz China léieren d'Kanner vu klengem u Chineesesch an der Schoul. Also ze soen, datt eppes schwéier ass fir ze léieren, ass relativ.


Ech sinn der Meenung, datt eis Kanner effikass Léiermethode brauchen, fir an der Schoul gutt weiderzekommen. Si brauchen dat, fir rëm Spaass un der Schoul an um Léieren ze kréien. Si brauchen dat, fir méi selbstbewosst a méi selbststänneg ze ginn.

Wann eis Kanner alleguerte wëssen, wéi ee léiert, sinn si all méi gläich. Et brauch sech kee méi fir eppes Bessers ze halen. Jidderee ka fir deen Diplom léieren, deen e wëll. Et ass bewisen, datt dës Methoden d'Verhale vu Geléiertem verbessert, d'kritescht Denke fërdert an d'Fantasie ureegt.


D'Techniken encouragéieren een aktiven Engagement, hëllefen Informatiounen ze organiséieren an sech nach laang duerno drun ze erënneren. Léierstrategië fërderen d'Kreativitéit a bereeden eis Kanner op een erfollegräicht Liewe vir. Andeems mir de Kanner scho vun der Primärschoul aus un dës Strategien enseignéieren, installéiere mir bei hinnen effektiv Léier-Gewunnechten. Hir Fäegkeet, Problemer ze léisen, verbessert sech an si entwéckelen eng richteg Léift fir ze léieren.


bottom of page