top of page

Bildungs Seminär

Den Jens Voigt liest den Nimm vun engem Zertifikat. Vier Participante vum Seminar machen sech prett fir ze goen.
Zertifikat Iwwerreeschung

Alt nach eng Kéier sinn ech de leschte Weekend (22ten an 23te Juni) op Fürstenwalde geflunn, fir um Bildungs Seminär mam Jens Voigt Deel ze huelen. Et war ee schéine Weekend.


Déi Léiermethoden, déi ech a mengem Blog beschreiwen, sinn net nëmme fir d'Schoul. Déi sinn uwennbar a ville Situatioune vun eisem Liewen. Sou hu mir an dësem Business Seminär direkt e puer Léiermethode benotzt. 


All Informatioune vum Seminär waren op sechs Mind Mapë verdeelt. Zousätzlech waren nach zwee Kawa Am Classeur. Mir konnten d'Informatioune fir eis selwer op eis eege Mind Mapen opschreiwen, wärenddeems de Jens geschwat hat. Dat geet ganz gutt. Sou hate mir eis Informatiounen direkt strukturéiert.


Mat den ABC-Lëschten hu mir eist Verständnis opgeputscht. Sou hu mir eis eegent Wëssen iwwer Planung, Presentéiere, asw., kuerz aus eisem Ënnerbewosstsinn erop an d'Bewosstsi gezunn. Duerno hu mir duerch Vergläichen a Gedanken austauschen eist Wëssen an deene Beräicher beräichert. 


Mir waren nëmmen zu aacht. Awer dank der ABC-Lëscht hu mir zesummen a fënnef Minutten iwwer honnert Schlësselwierder fir ee Produkt fonnt. Dat war impressionnant.


De Jens ass neierdéngs gléckleche Besëtzer vun engem Online-Hotel. Natierlech geet et an all sengen Zëmmeren ëm d'Léieren. Vum Lift aus kënnt een zu Beispill an d'Bibliothéik, an ee Podcast-Raum, an ee Spillzëmmer, an ee Rätsel-Raum, a.s.w.. Vun Zäit zu Zäit ginn ëmmer méi Räim ropgeschalt. Dat ass eng Virbereedung op de Kongress, deen den 23te September ufänkt. An da geet et lass. Dofir géif ech jiddwerengem, deen sech fir d'Gehier-gerecht Léieren interesséiert, sief et fir sech selwer oder seng Kanner un d'Häerz leeën, sech a sengem Hotel direkt unzemellen. Schonn elo si wäertvoll Bäiträg, Spiller, Rätselen, Iddien, a.s.w., fräigeschalt. Dat allermeescht ass gratis, souguer de Kongress am September. Well alles kandgerecht opgestallt ass, kënnt Dir och Äert Kand do umellen. Mellt Iech direkt hei un! 

Learn2learn-Trainerseminar, Modul 11-13 "Mein Bildungsseminar"in Fürstenwalde. Marco Glaesener nahm am 22 - 23.06.2024 erfolgreich am Workshop teil. Unterschrift: Jens Voigt
Zertifikat



Recent Posts

See All
bottom of page