top of page

Bréif vum Educatiounsminister


Bréif un de Petitionnär vun der Petition 2865 den 13te September 2024. Et steet dran, datt de Bréif vum Educatiounsminister annexéiert ass a Stellung op d'Petitioun 2865 hëlt. De President vun der Chamber, de Claude Wiseler, huet en ënnerschriwwen.
Bréif vun der Chambre des Députés

Virun engem Joer hat ech d'Petitioun 2865 - Autonomiser les jeunes esprits: introduire des méthodes d'apprentissage efficaces dans l'enseignement primaire! - lancéiert. Ech hat net genuch Ënnerschrëften zesumme kritt. Dowéinst hunn ech gefrot, fir meng Petitioun vu "Public" op "ordinaire" ëmzeschreiwen. Op dës Manéier konnt meng Petitioun 2865 dem Educatiounsminister presentéiert ginn.


Lo sinn ech houfreg, Iech matzedeelen, datt ech haut, de 17te September 2024, eng Stellungnam vum Educatiounsminister iwwer d'Chambre des Députés kritt hunn. Déi wëll ech Iech net virenthalen. Hei ass d'Google-Iwwersetzung vum Bréif vum Educatiounsminister:


Hautdesdaags ass d'Entwécklung vun effektive Léierstrategien e wichtegt Element vum Léierpersonal, souwuel an der Primärschoul wéi och am Lycée. D'Deeg wou d'Léierpersonal just iwwer d'Verdeelung vu Wëssen a Cramming war, si laang fort.


Zënter dem Paradigmewiessel mat der Aféierung vum Kompetenzbaséierten Unterrécht am Joer 2009, dat heescht op d'Fäegkeet vum Kand säi Wëssen ze notzen fir e Resultat ze produzéieren, goufen Léierstrategien am Studieplang verankert a systematesch an de Léiermaterial ëmgesat a vum Ministère publizéiert.


Approchen, déi d’Studenten encouragéiere fir effizient Léiermethoden vun engem fréien Alter un z’entwéckelen, ginn och op e puer Niveaue wärend der éischter Enseignantausbildung an och am Kader vun hirer Weiderbildung gefördert.


Den Ament schafft de Ministère an Zesummenaarbecht mat allen Akteuren eng nei Versioun vum Studieplang aus. An dësem Kontext gëtt besonnesch opgepasst fir Léierstrategien ze ënnersträichen, déi wesentlech fir d'Entwécklung vum 21te Joerhonnert sinn.


Dofir wëll ech dem Auteur vun der Petitioun 2865 Merci soen fir säi Bäitrag, dee gréisstendeels mat der Approche vum Ministère entsprécht, an deen nach eng Kéier d’Wichtegkeet ënnersträicht, fir déi néideg intelligent an efficace Léierstrategien op hir akademesch a perséinlech Entwécklung ze ënnerstëtzen.



Stellungnam vum MENJE op d'Petitioun 2865 a franséischer Sprooch.
Bréif vum Educatiounsminister

Ech sinn immens frou, datt scho vill geschitt, wat d'Enseignéiere vu Léiermethoden am Fondamental ubelaangt. Ech weess, datt dat just iwwert eng eenheetlech Ausbildung vun den Enseignanten geschéie kann. Eng Ausbildung, wou zousätzlech nach d'Loscht um Léiere gefuerdert gëtt an dat spillerescht Léieren ass déi Ausbildung, déi ech selwer beim Jens Voigt maachen. Ech sinn iwwerzeegt, datt dës Ausbildung eng vun de beschten Ausbildungen iwwer Léiermethoden ass, déi een zur Zäit fir Schoulmeeschtere ka kréien. Ech wënsche mir, datt all Schoulmeeschter an Enseignant dës Ausbildung matmécht an sou erkennt, wéi einfach et ka sinn, fir effikass Léiermethoden ze enseignéieren. Alles kann einfach an den aktuelle Léierprogramm afléissen! D'Ausbildung ass net deier. Awer se ass eng Beräicherung fir all déi, déi dat, wat geléiert gëtt, notzen a weiderginn! Dofir un all d'Schoulpersonal: Huet Deel un dëser Ausbildung!


Wann Dir Froen zu Léiermethoden oder dëser Ausbildung hutt, da kontaktéiert mech!

Recent Posts

See All

Comments


bottom of page