top of page

De Cours vum 7te Februar

Updated: Apr 8

De 7te Februar 2024 hunn ech ee Cours iwwer Mnemo-Techniken an der Auberge de Jeunesse zu Esch/Uelzecht gehalen.


Dobäi hat ech och de Verkettungssystem (eng Mnemo-Technik) erkläert. 


Verkettungssystem
Verkettungs-System

Et geet drëm, fir Schlësselwierder an eng Geschicht anzebannen. Déi Geschicht kann eng alldeeglech Aktivitéit sinn, also eppes, wat een all Dag mécht. Ech hunn hei

als Beispill de Wee geholl, deen een all Moie mécht, fir an den Auto ze klammen. Déi Geschicht soll witzeg, lieweg a gutt ze verhale sinn. Se muss a soll och net realistesch sinn. D'Schlësselwierder sollen iwwerdriwwe grouss oder kleng duergestallt sinn. Déi fënnef Sënner solle benotzt ginn, fir d'Schlësselwuert besser ze verhalen (Kucken, Lauschteren, Upaken, Richen, Schmaachen). Am Beschten, Dir iwwerdreift bei allem an der Geschicht. Sou ass garantéiert, datt Dir Iech och spéider nach dorunner erënnert. 


Kommt! Probéiere mir mol, dës zéng Liewensmëttel ze memoriséieren, déi eis Erënnerung boosten!


Schokela, Eeër, Fesch, Nëss, Kaffi, Roud Friichten, Austeren, Nuddelen, Waasser, Broccoli
Zéng Liewensmëttel fir d'Erënnerung ze boosten

Déi heite Geschicht hunn ech fir mäi Cours erfonnt:






Och beim Benotze vu Mnemo-Techniken ass et wichteg, d'Geschichten ze widderhuelen, fir datt d'Wierder méi laang an Erënnerung bleiwen. Awer et brauch ee bei wäitem net sou vill ze widderhuelen. Wann Dir d'Schlësselwierder haut op dës Manéier geléiert hutt, soll Dir se kuerz duerno widderhuelen. Dann den Dag duerno. Loosst Iech d'Geschicht eng Woch duerno nach eng Kéier duerch de Kapp goen, an no engem Mount erëm. Wann Dir d'Widderhuelungen op dës Manéier duerchféiert, dann hutt Dir d'Schlësselwierder fir ongeféier ee Joer memoriséiert. 


Kuckt emol no, ob weider Coursen ugebuede ginn!



bottom of page