top of page

Den Hotel


E grousse Hotel mat ville Kummere mat Balkon ënner bloem Himmel. Virdrun stinn dräi Strand-Fotellen an tropesch Blummen a Palmen.
Luxushotel

Wéi dir wësst, maachen ech eng Ausbildung zum Coach iwwer Léiermethoden beim Jens Voigt zu Fürstenwalde bei Berlin. Ech léieren sou vill bei him an hien iwwerrascht mech ëmmer rëm, wann hie mir weist, wéi een an engem Kand d'Motivatioun zum Léieren erwäche kann.


Als Schwammmeeschter hunn ech ëmmer rëm mat kritt, datt Kanner rebelléieren. Da kréien si Strofen ze schreiwen, gedrout, oder soss Sanktiounen opgebrummt. Dat alles ass jo eigentlech ganz normal, oder? D'Sanktioune ginn ënnerstëtzt bis bei de Schouldirekter. Sou ginn dann déi Kanner, déi héchstwahrscheinlech grouss Schoul- a Léierproblemer hunn, kleng gehalen. Et gëtt op Disziplin, Autoritéit a Follege gepucht. De Psycholog kann dem Kand just hëllefen, dës Situatioun ze akzeptéieren.


Als Schwammmeeschter hunn ech allerdengs och Schouljofferen a Schoulmeeschtere gesinn, déi probéiert hunn, dës "Rebellioun" aneschters unzegoen. Si probéieren, mam Kand ze schwätzen, an esou erauszefannen, wou wierklech de Problem läit. Si ginn dem Kand Empathie a Versteesdemech. Si ginn och Strofen a Sanktiounen, mee déi gi vum Kand akzeptéiert, well se dee Moment gerecht sinn. Leider ginn d'Aktioune vun deene Schouljofferen a Schoulmeeschteren net ëmmer bis bei de Schouldirekter ënnerstëtzt oder se ginn ignoréiert. Sou velafen hir Aktiounen am Sand a si setzen sech ëmmer manner fir Kanner an.


Lo ass et dem Jens Voigt (deen iwregens och Schoulmeeschter ass) an och meng Meenung, datt sou "Rebellioune" vun de Kanner schonn am Klasseraum ënnerbonne kënne ginn. De Schoulmeeschter kann d'Kanner sou motivéieren, datt si rëm gären an d'Schoul kommen. Dat kann erreecht ginn, andeems Léierspiller an der Schoul an den Asaz kommen, a verschidde Léiermethoden enseignéiert ginn. Et ass eis wichteg, datt d'Kanner wësse, wéi ee léiert. Sou ginn si autonom a brauche géint näischt ze rebelléieren. De sozialen Niveau gëtt sou gehéicht, well jiddweree weess, wéi ee fir ganz gutt Resultater léiert. Redoublante géifen et der quasi keng méi ginn.


Natierlech erfuerdert dat een Ëmdenken, net nëmme beim Schoulpersonal, bei der Schouldirektioun a beim Educatiouns-Ministère, mee och bei den Elteren. Mee et géif sech fir jiddwereen immens lounen.


Den 23te September 2024 fänkt den Online Learn2Learn-Kongress un. Do dréint sech alles iwwer Léieren, an dat 10 Deeg laang. Well dann awer ganz vill Informatiounen op eis duerkommen, huet sech de Jens geduecht, fir d'Leit dorobber virzebereeden. Mir wëssen alleguerten, datt wa mir ze vill Wësse beinenee kréien, blockéiert eist Gehier a mir wëllen näischt méi dovunner héieren. Fir deem entgéint ze wierken, huet de Jens een Online-Hotel kreeéiert. A sengem Hotel ginn no an no verschidden Zëmmeren opgemaach, an dat bis de Kongress ufänkt. An all Zëmmer sinn aner Informatioune, déi wichteg fir d'Léiere sinn. Sou gitt Dir lues a lues op de Kongress virbereet.


Wat gesidd Dir am Léierhotel?


Den Internetsite ass op Däitsch! Dir musst déi automatesch Iwwersetzung aktivéieren, fir an Ärer Sprooch ze liesen. D'Videoen a Live-Spiller sinn alleguerten op Däitsch!


Wann Dir Iech gratis umellt, kommt Dir als éischt:

  • an d'Rezeptioun. Hei gitt Dir generell informéiert, wat sou am Hotel geschitt. Vun hei aus kommt Dir och an de Lift.

  • Vum Lift aus kommt Dir an all Zëmmer, wat scho fräigeschalt ass. Dir musst ëmmer an de Lift zeréck kommen, fir d'Zëmmeren ze wiesselen. Et sinn der scho vill. Zum Beispill:

  • De Frühstücksraum: Hei fannt Dir Rezepter fir gesond ze iessen. Déi si gutt fir Séil a Gehier.

  • D'Mind Map Galerie. Ee Mind Map ass strukturéiert an d'Wëssen ass kompakt. Wa Mindmapping an der Schoul richteg ugewannt gëtt, ass d'Wësse séier an de Käpp vun de Kanner. Wann ee Mind Map richteg widderholl gëtt, kënnt Dir op dat Wëssen Äert Liewe laang zeréck gräifen. All zwou Woche kënnt Dir Iech ee Mind Map gratis eroflueden.

  • Am Podcast Raum héiert Dir Informatiounen iwwer d'Léieren a wéi Dir léiert.

  • An der Bibliothéik fannt Dir Bicher vum Jens Voigt, awer och vun aneren. Alles iwwer d'Léieren.

  • Am Kreativraum gi kreativ Visualiséierungstechniken präsentéiert. Ganz interessant!

  • An der Kinderarea gi Spiller präsentéiert. Et gëtt och gewisen, wéi een se selwer maache kann, ënnert anerem.

  • Am Rätselraum kënnt Dir selwer mat rätselen.

  • Am Schachraum kënnt Dir géint anerer Schach spillen.

  • An der Leseecke kritt Dir virgelies.

  • Am Hotelzimmer si 85 Kuerz-Videoen, déi Iech weisen, wéi ee léiert. Do gesidd Dir Saachen, do kënnt Dir nëmme staunen. Ee Schoulmeeschter ka sech souguer zesumme mat senger ganzer Klass d'Videoen ukucken.

  • Am Fitnessraum léiert Dir jongléieren a vill méi.

  • Am Entspannungsraum léiert Dir Yoga-Übungen, Kierper-Reesen a méi.

  • An der Bar kënnt Dir mat aneren Informatiounen austauschen.

  • De Birkenbihl-Raum ass een Undenken un d'Vera Birkenbihl. Den Jens huet hat perséinlech kannt an huet vill vun hire Léiermethoden benotzt an och weiderentwéckelt.

  • Déi aner Räim gi spéider fräigeschalt. Et kënnt souguer ee Kinosall.


An déi meeschte Räim kommt Dir direkt eran. Fir verschidden anerer braucht Dir ee VIP-Schlëssel.


Et ass deemno scho vill ze gesinn. Dofir leeën ech Iech un d'Häerz, Iech schnell unzemellen an Iech duerch ze kucken. Wann de Kongress den 23te September ufänkt, sidd Dir virbereet!



Recent Posts

See All

Comments


bottom of page