top of page

Eist Gehier als gigantescht Stroossennetz

Satellitebild van engem Stroossennetz
Stroossennetz

Et kann een sech eist Gehier wéi ee gigantescht Stroossennetz virstellen. Mir fueren duerch vill vun deene Stroossen, awer et bleiwen ëmmer Stroossen, duerch déi mir nach ni gefuer sinn an net kennen. Wéi mir jonk waren, hu mir ëmmer rëm nei Weeër

entdeckt.  Autobunnen hu mir vill benotzt, well et schnell an einfach viru gaangen ass. Mir sinn och duerch de Bësch gaangen, iwwer Feldweeër gefuer, Brécken iwwerwonnen. Et war opreegend, sou vill Stroosse virun eis ze gesinn a mir konnten se all benotzen. 


Iergendwann, vläicht wärend der Schoulzäit oder scho virdrun, hu mir eis soe gelooss, datt et geféierlech ass, duerch de Bësch ze goen. D'Feldweeër hätte vill Sakgaassen a mir sollte vill méi lues op den Autobunne fueren. Dacks si mir duerch gutt gemengte Rotschléi an eisem Léiere gebremst ginn. Dofir hu mir eis ugewinnt, ëmmer déi selwecht Weeër ze goen oder ze fueren. Sou konnt eis näischt geschéien. Mir haten och Angscht fir nei Weeër ze fueren. Mir wosste jo net wouhinner déi ginn. Oder mir haten Angscht, eis ze verléieren, sou datt mir eis gewinnte Weeër net méi rëmfanne géifen. Mir hu vergiess, wéi et war, d'Stroosse vun eisem Gehier ëmmer rëm nei ze entdecken. Mir hu vergiess, datt mir eist Gehier

ganz benotze kënnen. An eisem Gehier dierfe mir alles entdecken a gesinn. Awer mir trauen eis näischt méi zou. Mir wësse wat mir kennen, an dat geet eis duer. Mir gesinn de Räichtum u Wëssen net méi.


Zu all Moment an eisem Liewen däerfen a solle mir weider léieren. Mir däerfen a sollen och déi Stroosse benotzen, déi mir net kennen. Soss riskéieren déi Stroossen a Weeër, mat Gras zouzewuessen. De Wee zu méi Wësse bleift eis da verspaart. Sou maache mir eis fréier oder spéider souguer krank. 


Wat kënne mir da maachen, fir eis Angscht ze iwwerwannen? Wéi kënne mir d'Erkenntnis kréien, datt d'Stroossen an eisem Gehier net geféierlech fir eis sinn? Wat kënne mir maachen, fir d'Loscht an eis ze erwächen, fir rëm wëllen ze léieren, fir rëm wëllen no vir ze goen, fir rëm wëllen Neies ze entdecken?


Dofir musse mir heiansdo Gäertner spillen. Mir mussen d'Gras an de Wuess als éischt vun de Stroossen ewech maachen. Dat kënne mir maachen, andeems mir all Dag e bëssen eis Gewunnechten änneren. Wa mir gewinnt waren, eis Zänn mat der rietsen Hand ze botzen, da benotze mir lo mol déi lénk Hand dofir. Mir kënnen eis Hoer aneschters kämmen. Mir kënnen d'Trapen hannerzeg rop an erof goen. Mir kënnen engem Heeschert een Euro ginn (wa mir dat nach ni gemaach hunn). Mir kënnen doheem haart jäizen oder einfach mol beim Spadséiere sangen. Alles wat mir aneschters maache wéi soss all Dag, hëlleft eis, d'Stroosse virun eis ze botzen, sou datt mir driwwer goen oder fuere kënnen a rëm nei Weeër entdecken.


Wat hëlleft dat? Andeems mir eis Gewunnechten duerchbriechen, maachen sech an eisem Liewen nei Weeër op. Eigentlech maache mir eis selwer op fir Neies. Mir hu rëm Loscht, eppes aneschters ze léieren. Mat der Zäit wäerte mir Saache gesinn, déi mir virdrun net gesinn haten. Mir wäerte Saache richen an héieren, déi mir virdrun net wouer geholl haten. Mee alles war virdru schonn do. Mir wëlle rëm duerch Stroosse fuere, duerch déi mir nach ni gefuer waren. 


Duerch kleng Ännerungen un eisem Alldag kënne mir rëm d'Welt gesinn, wéi mir se als klengt Kand gesinn haten. Mir gi rëm virwëtzeg a fäerte manner. Och esou léiere mir wéi ee léiert.


Kuckt hei mol no, wéi eng Course mir deemnächst ofhalen! Oder schreift eis ee Message fir individuell Coursen!




Recent Posts

See All
bottom of page