top of page

Léiere mat Begeeschterung

Updated: Apr 8

Gebai vun der Akademie fir Léiermethoden
Akademie für Lernmethoden

Ech sinn de Weekend vum 25. bis de 26. Februar op Berlin geflunn, fir um Seminär "Léiere mat Begeeschterung"  an der Akademie fir Léiermethoden zu Fürstenwalde deelzehuelen. Dat war wierklech eng super Erfarung.


Ech hunn de Chef vun der Akademie, de Jens Voigt, perséinlech kenne geléiert an ech war ganz begeeschtert vun deem wat hie gemaach, erfonnt, erweidert a geléiert huet, fir datt d'Kanner wierklech einfach léieren. Hie schafft zanter 1984 am Enseignement an huet do virun allem als qualifizéierten Enseignant fir Sport a Geographie vum Lycée bis an d'Grondschoul geschafft.


Zënter 1995 huet de Jens sech intensiv fir d'Thema Gedächtnistraining a Gedächtnisjogging interesséiert. 2005 huet hien eng ganz efficace, nei Erënnerungs-Technik entwéckelt, d'ALMUT Technik. 2006 huet hien d'Firma "Lernwerkstatt Voigt" gegrënnt. Et gouf spéider d'Akademie fir Léiermethoden.


Hien huet den Dr Dieter Böhm an d'Vera F. Birkenbihl perséinlech kennegeléiert a konnt duerch si d'Mierk-Techniken, déi hien entwéckelt hat, verbesseren.


2011 huet hien d'Léiermethod "NAS-Technik" entwéckelt, duerch déi vill Studenten hir Studie ganz erfollegräich ofgeschloss hunn an d'Léiermaterial laangfristeg verhale konnten.


Also hat ech de Privileeg, de Jens Voigt a seng Duechter Anne zu Fürstenwalde ze treffen.

De Jens Voigt an de Marco Glaesener mam Logo vun der Akademie am Hannergrond
De Jens Voigt an de Marco Glaesener

De Jens ass och e Meeschter am Mind Mapping. Wärend dem Seminär huet hien eis erkläert wéi ee Mind Maps liest an erstellt. Dank enger vu senge Mind Maps hunn ech a ganz kuerzer Zäit vill iwwer d'Liewe vum Ludwig van Beethoven geléiert.


Hien huet eis gewisen, wéi een ABC Lëschte benotzt a Spaass dobäi huet. Hien huet eis e puer Léier-Spiller virgestallt, déi hie selwer entwéckelt huet. Léiere ka wierklech vill Spaass maachen!


An der Schoul léiere mir bewosst. Mee mir kéinten och un eisem Ënnerbewosstsinn zéien, an dat vun der Grondschoul aus un. De Jens huet eis gewisen, wéi mir passiv léieren a wéi mir dat, wat mir geléiert hunn, reaktivéiere kënnen. Säi Labyrinth huet dobäi och eng Roll gespillt.

De Labyrinth zu Fürstenwalde
De Labyrinth

Spéider hu mir och seng ALMUT-Technik kennegeléiert. Mat dëser Technik huet hien eis gewisen, wéi mir eis einfach u 25 däitsch Perséinlechkeeten erënnere kënnen.


Zertifikat vum Jens Voigt, vum Seminar "Lernen mit Begeisterung "
Zertifikat vun der Akademie für Lernmethoden

Am Jens Voigt hunn ech endlech ee fonnt, dee meng Visioun (léiere wéi ee léiert, vun der Grondschoul aus un) deelt (oder vice versa). Ech géif gären all Schoulmeeschteren encouragéieren, op d'mannst un engem vun dësem wonnerbare Mann senge Seminären deelzehuelen. Keen kann dat bedaueren! Awer et wier am beschten, sech direkt fir seng Ausbildung ze entscheeden. Dat dauert ee bis zwee Joren, an deenen ee léiert, wéi ee mat Begeeschterung enseignéiert a wéi a wéini ee mat wéi enger Léiermethod een enseignéiert. Klickt op dëse Saz!



Andeems een eise Kanner weist, wéi ee studéiert, ännert sech mëttel- bis laangfristeg ganz vill, an zwar zum Besseren! Ech sinn dovunner iwwerzeegt!

Also hat ech de Privileeg de Jens Voigt a seng Duechter Anne zu Fürstenwalde ze treffen. 

Recent Posts

See All
bottom of page