top of page

Léiere wéi ee léiert!

Updated: Apr 8


Léiere wéi ee léiert
Asou

Et ass mir sou wichteg, datt d'Kanner kapabel sinn, autonom ze léieren. Ech hu jo schonn a mengem anere Post vu mengem Projet geschwat. Bis et allerdéngs sou wäit ass, datt de Kanner vun der Primärschoul aus un, déi verschidde Léiermethoden enseignéiert ginn, wëll ech awer net näischt maachen. Bis haut, wou ech dëse Post schreiwen, hunn ech ee Cours op Franséisch an een aneren op Lëtzebuergesch gehalen. Bei allen zwee war den Thema: "Mnemo-Techniken". Ech wollt dës Techniken hei zu Lëtzebuerg méi bekannt maachen. Leider sinn net vill Leit komm. 



Lo hunn ech mir iwwerluecht, wat ech nach kéint maachen, fir datt méi Leit effikass Léiermethode kennen an och uwennen. D'Resultat vu mengen Iwwerleeunge sinn déi Zeilen, déi Dir grad liest. Ech wëll entweder bis bei Iech kommen oder Iech bei mech alueden, fir datt ech Iech weise kann, wéi verschidde Léier-Technike funktionéieren a wéi Dir se uwenne kënnt. Ech denken do u Mnemo-Techniken, Schnell-Liesen, Foto-Liesen a Mindmapping. Dës Techniken hunn ech selwer scho benotzt a weess, datt se funktionéieren. 


Dat wëll ech maachen, bis den zoustännege Ministère ee Wee fonnt huet, fir eise Kanner ze hëllefen, autonom ze léieren. D'Schoul géif hinnen dann och vill méi Spaass maachen.


Vläicht kennt Dir een (oder sidd selwer deen), dee scho méi laang eng oder déi aner Léier-Technik selwer benotzt. Vläicht wëllt Dir och är Erfarunge mat aneren deelen a Coursen doriwwer halen. Wgl, mellt Iech da bei mir! Ech géif gäre mat Iech schwätzen a mat Iech kucken, wéi mir ëmmer méi Schüler dozou kréien, fir besser Punkten an der Schoul ze kréien.


Wann Dir also ee Kand hutt, oder selwer Schüler sidd, oder Iech just dofir interesséiert, da schreift mir ee Message. Ech wëll Iech Mnemo-Techniken, Schnell-Liesen, Foto-Liesen oder Mindmapping bäibréngen, fir datt Dir méi schnell a méi autonom léiere kënnt. Schreift mir just an ärem Message, wéi eng Technik (oder Techniken) Dir léiere wëllt! Ech äntweren Iech sou schnell et geet, fir een Treffe mat Iech auszemaachen. 


Ech froe 70 Euro pro Seance. Eng Seance ass ongeféier eng Stonn. Mäin Zil ass autonoomt Léieren. Ech ginn dovunner aus, datt Dir net vill Seance braucht.



Recent Posts

See All
bottom of page