top of page
Writer's pictureMarco Glaesener

Maach Pausen!


deux femmes discutent à table devant une tasse de café ou thé
Faire une pause

Maach Pause richteg! No der Pomodoro Technik solls Du 25 Minutte léieren (schaffen) an dann 5 Minutte pausen. Wärend deene 5 Minutte solls Du opstoen, trëppelen, mat anere Leit schwätzen, oder soss eppes maachen, dat dech oflenkt. Duerno solls Du rëm 25 Minutte léieren an nach eng Kéier 5 Minutte pausen. Dat kanns du bis 4 Mol hanerenee maachen. Duerno solls Du dann eng Paus vun 30 Minutte maachen.

Mat dëser Technik léiers Du konzentréiert. Du bleifs wärend der Léier-Scéance bei der Saach.

Natierlech muss een sech un dës Technik winnen. Et ass net ëmmer einfach, opzehalen, wann ee grad an engem Thema dran ass. No der Paus brauch een jo rëm e puer Minutte fir de Fuedem rëmzefannen. An awer léiert ee mat dëser Technik méi a méi séier a besser wéi mam "normale" Léieren. Och hei heescht et: Probéier et aus!


Bei dëser Technik léiert ee ganz bäileefeg, wéi ee seng Zäit organiséiert. Et muss een am viraus wëssen, wat een an dëser Zäit léiert.

Eng aner Manéier, seng Zäit ze organiséieren, ass Mindmapping. Hei fënns du eraus, wéi ee seng Zäit mat MindMaps managt!

Recent Posts

See All

Comments


bottom of page