Maacht eppes aneschters!
- Marco Glaesener
- Sep 21, 2024
- 1 min read

Gitt géint de Stroum vun de Gewunnechten! Maacht eppes aneschters!
Wann dir moies opstidd, da klammt net wéi ëmmer mat de Féiss aus dem Bett! Rullt mol eng Kéier eraus! Amplaz datt Dir Är Zänn mat der rietsen Hand botzt, benotzt déi lénk Hand! Gitt d'Trapen hannerzeg erof!
Wann Dir bewosst géint Är Gewunnechte gitt, dann hëlleft Iech dat, méi konzentréiert ze sinn. Dir passt och besser op.
Déi kleng Gesten hëllefen Iech, an der Schoul besser virun ze kommen!
Probéiert et aus!
Spillt dëst Spill all Dag mueres, bevir Dir an d'Schoul gitt, just 5 Minutte laang! Och dat hëlleft, fir op mannst 4 Stonne laang konzentréiert ze sinn!
Comments