top of page

Mäi Projet: Léier-Techniken an der Primärschoul enseignéieren

Updated: Jan 14


Une enseignante assise en cercle avec six enfants de différente cultures. Elles discutent sur un tapis de gym de différentes couleurs.
Enseignante discute en cercle en position assise avec six enfants.


Stellt Iech vir, datt de Kanner vun der Primärschoul effikass Léiermethoden enseignéiert géife ginn! Wat hätt dat fir Konsequenzen?


Fir datt dat realisabel wier an d'Qualitéit vun de Coursen héich gehale kéinte ginn, sollen d'Enseignante vun allen Aufgaben, déi näischt mam Enseignement ze dinn hunn, wéi Administratioun, Transport, an sou weider, entlaascht ginn. Vläicht sidd Dir och Elteren, déi de ganzen Dag schaffen, duerno hiert Kand nach an de Sport féiert an duerno erëm siche fueren. Da musst Dir nach fir äert Kand kachen an de Kuerf fir den nächsten Dag preparéieren. No all den anere "Klengegkeeten", wéi d'Wäsch maachen, strecken an d'Haus botzen, musst Dir ärem Kand nach hëllefen, fir d'Hausaufgaben ze maachen. Ech weess, datt dat den Alldag vu villen Elteren ass. Et ass verständlech, datt d'Hausaufgabenhëllef dann ze kuerz kënnt. Genausou ass et mat den Enseignanten, déi all Dag den Transport vun de Kanner vun engem Gebai an dat anert, oder vun engem Klassesall an deen aneren, garantéieren. Do ass et net ëmmer sou, datt d'Kanner schéi brav an enger Rei matginn.


D'Responsabilitéit fir d'Sécherheet vun 20 Kanner läit dann op hire Schëlleren. Dann hunn si nach verschidde Rapporten ze maachen. Si mussen sech ëm Deeler vun der schoulescher Administratioun këmmeren. Dertëschent däerfen si dann hire Cours halen. Et läit op der Hand, datt den Enseignant ënner deene Konditioune schwéier ee Cours vu gudder Qualitéit ofhale kann. Dowéinst sinn ech der Meenung, datt den Enseignant sech wierklech haaptsächlech ëm den Enseignement vu senge Schüler këmmere soll. Hie soll ëmmer d'Geleeënheet hunn, sech fir säi Cours gutt ze preparéieren.


Den Enseignant soll an der gewaltfräier Kommunikatioun ausgebilt sinn. Et ginn sou vill Situatioune mat de Kanner, wou d'Nerven ugespaant sinn, an eng Eskalatioun vum Konflikt virprogramméiert ass. Ech sinn iwwerzeegt, datt duerch eng gewaltfräi Kommunikatioun ganz vill Konflikter geschwächt a souguer schnell geléist kënne ginn. Dofir soll gewaltfräi Kommunikatioun mat de Kanner scho ganz fréi an der Schoul benotzt ginn.


Et ass och meng Meenung, datt d'Kanner schonn ab dem Cycle 1 mat der

Pomodoro-Technik a Kontakt kommen. Et geet drëm, datt d'Kanner (idealerweis) 25 Minutten eng Aufgab konzentréiert maachen, duerno 5 Minutte pausen. Léiere mécht sou méi Spaass. D'Pomodoro-Technik soll an all Cycle ugewannt ginn. D'Kanner léieren sou niewebäi, wéi si sech organiséieren a konzentréiert bleiwen.


Wat haalt Dir dovunner, wann d'Schouldirektioun all Woch een Thema aussiche géif, dat an all Fach ugeschwat sollt ginn? Wann zum Beispill den Thema een Apel wier, kéint een an der Mathematik iwwert den Duerchmiesser vum Apel schwätzen an dee berechnen. Am Däitsche kéint ee vun Äppelbeem schwätzen an am Franséische kéint ee vum Ënnerscheed tëschent engem Apel an enger Gromper (pomme de terre) diskutéieren. An der Geschicht fannen sech och Beispiller, wou een Apel am Spill ass. Dat reegt d'Kreativitéit vum Enseignant un an d'Schoul ka fir jiddweree Spaass maachen. D'Schüler léieren och léiwer a besser.


Den Enseignant kéint an e puer vu senge Coursen och iwwer d'Iessen diskutéieren, oder dat Thema an ee spezielle Cours mat abauen. Eis Kanner kréien sou ganz niewebäi erkläert, wéi een Iesse gutt ass fir d'Konzentratioun a wat ee soll iessen, wann ee Sport dréift. Dat muss an et soll keen Extra-Cours sinn. 


Dat wären dann am grousse Ganzen d'Preparatiounen an de Cyclen 1 an 2.


Am Cycle 3.1, wann d'Kanner liesen a schreiwe kënnen, kann ugefaange ginn, Lies-Techniken ze enseignéieren. Si sinn da prett fir an der Klass mat haarder Stëmm virzeliesen. Den Enseignant kann hinnen dann erklären, wéi een am Kapp den Text iwwerflitt, ouni d'Sätz Wuert fir Wuert opzesoen. Sou kënnen si léieren, wéi een d'Schlësselwierder eraus fënnt.


An der Geschicht an an der Geographie kënnen si dann ufänken, Mnemo-Techniken

ze benotzen. Den Enseignant kann de Kanner d'Verkettungs-System weisen, eventuell och anerer.


Am Sprooche-Cours kann hien hinne weisen, wéi ee Vokabele mat enger Mnemo-Technik léiert.


Fir Sprooche wéi Däitsch a Franséisch kann dem Vera Birkenbihl seng Method enseignéiert ginn. Dat ass eng Method, fir eng Friemsprooch, ouni Grammatik an ouni Vokabele léieren, ze léieren. Ech mengen, dat kann interessant ginn.


Am Cycle 3.2 kënne verschidde Mierk-Statioune vu Mnemo-Techniken enseignéiert ginn. Ech denken do un d'Systemer: Zuel-Form-System, Zuel-Symbol-System, Zuel-Reim-System. Well beim Zuel-Reim-System, d'Kanner eng Zuel mat engem Wuert aus der Mammesprooch verbanne sollen, wär et ubruecht, an deem Cours een Dolmetscher dobäi ze hunn, wann den Enseignant d'Sprooch vu verschidde Schüler net kennt.


D'Iwwerfléie vun engem Text kéint an dësem Cycle weider verbessert ginn. De Kanner kéinte scho Schnell-liesen enseignéiert kréien.


Warscheinlech haten d'Kanner an de Jore virdru scho Mindmapping gesinn. Am Cycle 3.2 kéinten si méi am Detail gewise kréien, wéi si eng Mind Map kreéieren.


Am Cycle 4.1 missten d'Kanner sou wäit sinn, datt si weider Mnemo-Techniken enseignéiert kënne kréien. Ech denken do un den Erënnerungs-Palais an d'Rees-Technik. All déi aner Technike kéinten an dësem Cycle weider verbessert ginn.


Am Cycle 4.2 wieren d'Kanner menger Meenung no prett, fir Photo-Reading ze léieren. Dat ass eng Technik, fir den Inhalt vu ganze Bicher schnell a gutt ze verstoen.. An all den anere Léiermethode kënnen d'Kanner weider perfektionnéiert ginn.


Sou stellen ech mir den Enseignement am Fondamental an der noen Zukunft vir. Wat mengt Dir? Wann eise Kanner op dës Manéier effikass Léiermethoden an der Schoul enseignéiert kréien, wat wären d'Virdeeler dovunner? Ech kéint mir virstellen, datt et bal keng Redoublante méi géife ginn. De sozialen Niveau géif gehéicht ginn. Vläicht kéint dat Wuert "asozial" aus eisem Vokabulär gestrach ginn. D'Kanner bréichte keen Examen ze fäerten an dee Beruff léieren, deen si wierklech wëllen. D'Schoul géif rëm richteg Spaass maachen an d'Kanner géife gären an d'Schoul goen. Depressioune bei den Enseignante géife vill manner festgestallt ginn, well dësen Enseignement och hinne Spaass mécht.


Ech hu mir och iwwerluecht, wéi eng Nodeeler et kéinte ginn, wann eise Kanner effikass Léiermethoden an der Primärschoul enseignéiert géifen. Éierlech gesot, ech hu keng fonnt! Vläicht fokusséieren ech mech och ze vill op d'Virdeeler, sou datt ech d'Nodeeler iwwersinn. Natierlech kënnt am Ufank vill Aarbecht op d'Schoulmeeschteren zou. Si missten zousätzlech Formatioune matmaachen, d'Léier-Technike selwer benotzen an dacks ëmdenken. Wann si allerdéngs d'Léiermethode beherrschen an enseignéiere kënnen, an da gesinn, wéi vill Spaass dat ka maachen, wäerten si gesinn, datt et déi Aarbecht Wäert war. Dofir kann ech do keen Nodeel gesinn. 


Kanner mat Dyslexie géife vill besser viru kommen a géifen sech den anere Kanner méi gläich fillen. Well d'Kanner rëm gären an d'Schoul kommen, bräichten si kee Frust méi un aner Kanner auszeloossen. Deementspriechend géifen et vill manner Aggressiounen an de Schoule ginn! Manner Mobbing a manner Stëppelereien! Ech ka mir ee vill bessert Mateneen ënnert de Kanner an den Enseignante virstellen. Den Enseignant bräicht seng Autoritéit net méi beweise mussen, well d'Kanner de richtege Respekt fir si hätten. 


Dir gleeft mir dat alles net? Dat ass jo och alles kaum ze gleewen, wann een déi Situatiounen, déi mir elo an all eise Schoule gesinn an erliewen, kucken. Ech ziele keng Situatioun op, well ech wëll, datt sou Situatiounen der Vergaangenheet ugehéieren. Wat ech an dësem Artikel geschriwwen hunn, ass fir mech eng Léisung géint all déi Ongerechtegkeeten, géint all déi Aggressiounen, géint all Mobbing a géint all Depressiounen, déi mir an eisem Liewen (net nëmmen an der Schoul) gesinn.


Wann alles, wat ech proposéieren, wierklech hei zu Lëtzebuerg duerchgesat gëtt, wäert sécher net alles sou sinn, wéi ech mir dat elo virstellen. Ech si mir bewosst, datt op dësem Wee eng Onmass vun Hindernisser stinn. Dës Hindernisser hunn Nimm wéi Awerglawen, Egoismus, Stolz, Lidderegt, Bequeemlechkeet, a vill méi. Awer déi kann een, een nom aneren, iwwerwannen. Ech si mir och bewosst, datt, wann ech wierklech wëll, datt effikass Léiermethoden an der Primärschoul enseignéiert solle ginn, ech dat net eleng ka realiséieren. Ech brauch Hëllef. Ech brauch Leit, mat deenen ech meng Visioun deele kann. Ech brauch engagéiert Leit, déi bereet sinn, dëse Wee mat mir ze goen. Wann Dir vu mengem Projet iwwerzeegt sidd, a mengt, Dir kéint mir op iergendenger Aart a Weis hëllefen, dann zéckt net a schreift mir! Ech brauch Iech!


Mir bidde Coursen iwwer verschidde Léier-Techniken un. Bei Interessi, mellt Iech hei un!




Recent Posts

See All
bottom of page