top of page

Pomodoro Technik

Updated: Dec 22, 2023

D'Pomodoro-Technik ass eng Method fir d'Zäit ze managen. De Francesco Cirillo huet dës Method an den 80-er Joren entwéckelt. Den Numm Pomodoro kënnt dohier, well de Francesco fir seng éischt Versich eng Kichenauer benotzt huet, déi ausgesinn huet wéi eng Tomat.


Dës Method baséiert op der Iddi, datt heefeg Pausen déi geeschtlech Beweeglechkeet verbessere kéint.


D'Technik besteet aus fënnef Schrëtt:

  1. d'Aufgab gëtt schrëftlech formuléiert

  2. de Wecker gëtt op 25 Minutte gestallt

  3. sech an d'Aufgab aschaffen, bis de Wecker schellt. Do, wou een ophält, een Zeeche setzen.

  4. eng kuerz Paus vu 5 Minutte maachen

  5. no véier sou Zäit-Bléck eng méi laang Paus vu fofzéng bis zwanzeg Minutte maachen

Et soll een net méi wéi siechzéng sougenannte Pomodori am Dag maachen. Dat, well een net méi wéi aacht Stonnen am Dag effektiv léiere soll. D'Gehier hëlt da meeschtens keng nei Informatioune méi op.


Denkt drun: bei engem richtege Léier-Dag si vill Pausen, frësch Loft, gesond iessen a vill drénke wichteg!


D'Virdeeler vun dëser effektiver Technik leien op der Hand: Dir schafft wierklech konzentréiert, d'Léier- a Prüfungs-Resultater besseren sech. Et gëtt een zu engem richtegen Zäit-Manager-Profi.


Natierlech, wann ee grad gutt am Léieren oder Léise vun enger Aufgab ass, ass et net einfach, no 25 Minutten opzehalen. Dofir ass et néideg, seng Zäit am viraus anzedeelen a seng Aufgaben ze prioriséieren. Duerno soll ee schätzen, wéi vill Zäit ee fir déi verschidden Aufgabe brauch. Dann däerf een och nach erausfannen, wéini am Dag een Zäit huet, fir dat alles ze maachen, ouni gestéiert ze ginn. Wann een sech sou organiséiert, kann een d'Pomodoro-Technik ganz gutt uwennen.


Am Ufank muss een sech vläicht un déi 25 Minutten-Eenheete winnen. Awer mat der Zäit bleift Dir ëmmer besser konzentréiert. Et ass och gutt, wa bei dëser Technik nëmmen ee Blat Pabeier an ee Bläistëft benotzt gëtt, fir weider Oflenkungen ze vermeiden.



Frësch gepléckten Tomaten op engem hëlzernen Dësch. Eng Tomat ass an zwee geschnidden.
Tomaten op engem Dësch

Recent Posts

See All
bottom of page