top of page

Schnell-Lies-Techniken

Updated: Nov 30, 2023

Hautdesdaags, an dëser schneller, digitalen an hektescher Welt, ass et méi wichteg wéi jee, datt mir effizient liese kënnen. Egal ob Dir Student sidd, deen niewelaanscht schafft, oder ee Profi, deen ob senger Aarbecht vill liese muss; et kann är Léier- a Verständnis-Fäegkeeten immens verbesseren, wann Dir Geschwindegkeets-Lies-Technike beherrscht. An dësem Blog Post wäerte mir e puer effektiv Strategien entdecken, déi eis hëllefen, am Speed Reading richteg gutt ze ginn.


Eng einfach, awer effektiv Strategie ass, ee Bic, Bläistëft oder einfach de Fanger ze benotzen, fir eist Liesen ze guidéieren. Andeems mir eise Fanger oder Bic laanscht d'Linne vum Text beweegen, kënne mir eis Aen trainéieren, fir méi schnell ze liesen. Dës Method hëlleft, Oflenkungen ze eliminéieren an hält eis Ae fokusséiert op d'Wierder virun eis. Zousätzlech hëlleft se eis, eis Lies-Geschwindegkeet ze verbesseren, well de Fanger oder de Bic verhënnert, datt eis Aen iwwert den Text huschen.

Eng aner Technik, fir eis Lies-Geschwindegkeet ze verbesseren ass, d'Subvokaliséierung ze eliminéieren. Subvokaliséierung ass eis Gewunnecht, wärend dem Liesen an eisem Kapp Wuert fir Wuert, sou wéi mir liesen, auszeschwätzen. Och wann et schéngt, wéi wann dëst een natierlech Wee ass, fir ze liesen, sou gëtt eis Lies-Geschwindegkeet awer tatsächlech vill méi lues. Andeems mir bewosst probéieren, dës Gewunnecht ze eliminéieren, kënne mir eist Gehier trainéieren, fir Informatioune méi séier ze verschaffen an den Text besser ze verstoen.


Skimming a Scanne sinn zwou weider Techniken, déi eis Lies-Geschwindegkeet staark verbessere kënnen. Beim Skimming iwwerfléie mir schnell den Text fir eng allgemeng Iddi vum Inhalt ze kréien. Dëst ass besonnesch nëtzlech, wa mir spezifesch Informatioune wëlle fannen oder wa mir ee laangen Artikel oder ee Buch liesen. Beim Scannen iwwerfléie mir d'Säit mat den Ae fir Schlësselwierder oder Ausdréck ze fannen. Dës Technik ass hëllefräich, wa mir no spezifeschen Informatiounen an engem Text sichen.


Zousätzlech zu dësen Techniken ass et wichteg, een optimaalt Lies-Ëmfeld ze kreéieren. Fannt ee rouegen a gutt beliichte Raum, wou Dir Iech ouni Oflenkunge konzentréiere kënnt. Maacht och reegelméisseg Pausen, fir datt d'Ae raschte kënnen a fir Middegkeet ze vermeiden. Ganz wichteg ass, datt Dir reegelméisseg übt, fir datt sech är Lies-Geschwindegkeet an är Verständnis-Fäegkeet verbessert.


Wa mir Geschwindegkeets-Technike beherrschen, verbesseren sech eis Léier-Fäegkeete wesentlech a mir spuere wäertvoll Zäit. Et ass egal, ob Dir ee Student oder ee Professionelle sidd, oder Dir sidd einfach nëmmen een, dee gäre liest; dës Strategien hëllefen Iech, ee méi effiziente Lieser ze ginn. Also; Gräift Iech ee Buch, benotzt dës Techniken, a kuckt är Lies-Geschwindegkeet erop!

Ee gielt  Buch mat rosa Sträifen, ouni iergend eppes  Geschriwwenes
Ee Buch

Recent Posts

See All
bottom of page