top of page

Vera Birkenbihl Method

Updated: 6 days ago

Mat der Vera Birkenbihl Method kann ee wierklech eng aner Sprooch léieren, ouni d'Grammatik vun där Sprooch ze kennen. Et geet drëms, d'Bedeitung vun de Wierder ze verstoen.


Fir dat ze maachen, schreift een en Text vun der Friemsprooch ob ee Blat. Dobäi léisst ee genuch Plaz tëschent de Wierder an och tëschent den Zeilen. Dann iwwersetzt een den Text Wuert fir Wuert. D'Iwwersetzung vun all Wuert schreift ee genau ënnert dat Wuert. Soubal d'Iwwersetzung fäerdeg ass, huet een zwee Texter virun sech leien. Den Text vun der Friemsprooch an ënnert all Zeil déi Wuert fir Wuert Iwwersetzung.


Duerno liest ee mat haarder Stëmm d'Wuert fir Wuert Iwwersetzung. Dat schéngt komesch, witzeg an iergendwéi net richteg an der eegener Sprooch. Trotzdeem liest d'Iwwersetzung e puer Mol. Sou erkennt een, wéi een an där anerer Sprooch denkt. Et mécht Spaass, esou een Text ze liesen. Entweder ass den Text an der Mammesprooch änlech oder en ass witzeg.


Wann een zum Beispill portugisesch léiert, soll een deen Text da vun engem Portugis virliese loossen an ophuelen.


Da verstoppt een déi Wuert fir Wuert Iwwersetzung an et liest een den Text an der Friemsprooch. Do si vläicht scho vill Wierder, déi ee versteet. Mee bei all Wuert, wat een net versteet, luusst ee kuerz erof op d'Wuert fir Wuert Iwwersetzung. Den Text liest een dann sou dacks, bis een d'Wierder all versteet an net méi erof brauch ze luussen. Sou léiert een d'Vokabelen, ouni se auswenneg ze léieren. Et léiert ee just déi Vokabelen, déi ee wierklech net kennt. Natierlech lauschtert een dobäi der Audio vun der Friemsprooch no. Schwätzt am Chouer mat! Sou léiert een niewebäi och déi richteg Aussprooch.


Vläicht hutt Dir jo och eng Audio vun engem Sprooch-Cours. Schreift dann all Texter vun der Audio selwer op a maacht fir all Text dat selwecht wéi beschriwwen! Verschidde Wierder loossen sech an zwee Wierder iwwersetzen, eng aner Kéier sinn et zwee Wierder, wou ee Wuert ausmécht. Mat e bëssen Übung fënnt ee mat der Zäit eraus, wéi een am beschte Wuert fir Wuert iwwersetzt.


Wann een onbedéngt d'Grammatik wëll léieren, soll een dat awer eréischt duerno maachen, soe mir einfach, no dräi Méint. Et versteet een se da vill besser.


Dat war eng kuerz Erklärung vun der Vera Birkenbihl Method. Eng Technik fir eng friem Sprooch ze beherrschen, ouni Vokabelen an ouni Grammatik ze léieren.


Wéi hu mir eis Mammesprooch geléiert? Als Baby hu mir och keng Grammatik an och keng Vokabele geléiert. An awer beherrsche mir eis Mammesprooch nach am beschten.



un dictionnaire japonais - anglais. ouvert à une page ou le mot: English est écrit en gras et en rouge.
Dictionnaire japonais - anglais


Recent Posts

See All
bottom of page