top of page

Vedesch Mathematik

Updated: Nov 30, 2023

D'Erfarung vun diversen Enseignanten, déi dëse System hire Schüler enseignéiert hunn, huet gewisen, datt d'Kanner dank dëser Technik eng enorm Sécherheet an der Aarbecht mat Zuele kréien, an datt sech dëst Wëssen och op aner Felder vun der Mathematik auswierkt.


Erwuessener, déi an der Vergaangenheet Schwieregkeeten hate mat der Aarbecht mat Zuelen, wäerten dës Technike fir d'Léise vun alldeegleche Problemer direkt nëtzlech fannen (zum Beispill beim Ausrechne vu Prozenter). Algebra gëtt méi kloer.


Vedesch Mathematik ass kee Wonnermëttel. Awer et erliichtert d'Léieren. Dowéinst mengen ech, datt et, niewent aneren effikasse Léiermethoden, am Enseignant-Plang vun der Mathematik eng wichteg Roll huet.


Schüler, déi dës Technike geléiert hunn, wäerte Rechnunge wéi: 67 x 63, 95 x 95, 114 x 116 méi schnell am Kapp ausrechne kënne wéi anerer mat Hëllef vun der Rechemaschinn.


Déi numeresch Fäegkeete vun de Schüler wäerten sech verbesseren, besonnesch wann dës am Ufank nach ganz geréng sinn.


Vedesch Mathematik huet hiren Ursprong am anticken Indien. Et ass eng Serie vu wierksame reche-betounten Techniken, déi a ville Branche vun der Mathematik nëtzlech kënne sinn. Eng vun de bekanntste Reegelen ass déi "Héichkant- a Queesch-Reegel".


Beispill: 12 x 13


éischt Rei vun uewen no ënnen 12  13 15. Zweet Rei vun uewen no ënnen +2  +3  6.
vedisch Opstellung vun 12 x 13

Mir schreiwen ee Pluszeechen op déi riets Säit, fir unzeweisen, datt déi Zuel 12 méi grouss ass wéi 10. Dofir +2. A bei der Zuel 13 schreiwe mir +3.


Egal, wéi eng Zuel ee mat der Zuel iwwer Kräiz addéiert (12+3 oder 13+2), dat gëtt 15. Déi Zuel schreift een ënnert déi éischt Rei.


Déi zwou Zuelen op der rietser Säit gi matenee multiplizéiert. Dat gëtt 6, an déi schreift een ënnert déi zweet Rei.


D'Resultat ass dann 156.


Mat e bëssen Übung kann een sou Rechnungen am Kapp rechnen.

Recent Posts

See All
bottom of page