top of page

Wéi s du däi Léieren organiséiers!

Updated: Apr 8

Materialsammlung. Stillarbeit. Jeder darf in Ruhe lernen. +5 und 20 Minuten. Wir sind auf dem Flur.
Léieren organiséieren

Wéi léiers du? Sëtz  du dech einfach eng Kéier dohinner a fänks u mat Léieren? Hues du ee Plang? Wéi organiséiers du dech?


Wann s du net weess, wéi s du léiers, fänks du meeschtens un, dech un de Schreifdësch ze setzen, wann d'Eltere soen, du misst léieren. Mee sou richteg Loscht hues du warscheinlech net. Du hëls dann deng Bicher a Classeuren aus dem Schoulsak a kucks mol am Bichelchen, wat dann sou ze léieren ass. Vläicht lees du och nach d'Léiermaterial virun dech fir unzefänken! Mee vue datt dech dat net interesséiert, kucks du da mol, wat sou op TikTok leeft. Iergendwann mierks du, datt d'Zäit dir fort leeft an du wëlls ufänke mat léieren. Du kucks dir dann déi éischt Zeilen an Iwwerschrëften un. Deng Gedanke sinn awer net bei der Saach. Du denks nach un déi Videoen, déi s du grad gesinn hues. Deng Gedanke ginn ëmmer méi wäit fort vun deem, wat ze léieren ass. Du kucks zur Fënster eraus an observéiers d'Villercher oder d'Autoen dobaussen. Du hoffs esou, datt d'Zäit fir ze Léiere gläich eriwwer ass. Jo, du muss iesse goen. Eng gutt Saach! Nom Iesse kucks du nach e bëssen Tëlee mat denge Bridder oder Schwësteren. Da muss du deng Dusch huelen. Du kënns rëm laanscht de Schreifdësch an iwwerlees: Eigentlech brauch ech dat net fir muer. Ech kann dat eng aner Kéier léieren. Da peeks du deng Saache rëm an de Schoulsak ouni iergendeppes geléiert ze hunn. 


Sou een Zenario erliefs net nëmmen du eleng all Dag. Deene meeschte vun denge Frënn geet et änlech. Awer wéi kann s du aus deem Däiwelskrees eraus kommen?


Du muss dech organiséiere. Jo, du muss eng Plang hunn. An du brauchs een Zil.

Du sees vläicht elo: Mee ee Plang organiséieren, hëlt och vill Zäit ewech. Ech léiere bestëmmt méi séier, wann ech direkt ufänken.


Du hues Recht: ee Plang op d'Been ze stellen, hëlt Zäit ewech. Awer iwwerlee mol; wann s du direkt ufänks mat léieren, léiers du einfach drop lass. Du léiss dech ganz schnell oflenken, well s du dat jo net wierklech wëlls maachen. Wann s du keen Zil hues, muss du jo néierens hin, an du kënns net weider! Wann s du kee Plang hues vun deem wat ze léieren ass, kriss du séier d'Flemm, well s du net weess, wou s du ufänks oder weider méchs. Dofir huel dir déi fënnef oder zéng Minutte fir dech ze organiséieren. Wann s du organiséiert bass, bleifs du méi fokusséiert an du wëlls däin Zil erreechen! Sou léiers du vill méi schnell an och méi effizient.


  1. Fänk un, dir een Zil ze setzen! Wéini wëlls du fäerdeg si mat léieren? Stell dir vir, du hues gutt geléiert an du hues eng ganz gutt Nott op denger Prüfung stoen. Oder du hues eng Presentatioun. Da stell dir vir, wéi jiddwereen iwwerrascht ass, datt s du sou vill weess. Du bass da stolz op dech. Wa vill ze léieren ass, da setz dir e puer kleng Ziler, déi alleguerten einfach ze erreeche sinn! Maach dir dofir eng Mindmap! Schreif däin Haaptzil an d'Mëtt vun engem Blat an déi kleng Ziler ronderëm! Jo, schreif dir deng Ziler op an hänk se enzwousch wou s du se gesäis. Deng Ziler einfach am Kapp ze iwwerleeën, bréngt näischt. Däin Ënnerbewosstsi muss gesinn, datt s du et seriö mengs. Fänk ëmmer un, dir een Zil ze setzen a stell dir den Erfolleg ënnerlech vir! 

  2. Schreif dir dann an dengem Kalenner op, wéini a wéi laang s du wëlls léieren! Benotz d'Pomodoro Technik! Léier 25 Minutte konzentréiert a maach duerno eng Paus vu fënnef Minutten! Dat kanns du bis zu véier Mol maachen. So denger Famill, datt se dech zu deenen Zäiten net an denger Kummer stéieren! Hal dech un däin Zäitplang! Wann s du wëlls, kann s du wärend dem Léiere Musik lauschteren. Den haite Radio hëlleft dir, an den idealen Alpha-Zoustand ze kommen. Iwwerlee dir och, wéi eng Léiermethoden du uwenne wëlls! Wann s du däi Léieren sou plangs, mécht dir dat héchstwarscheinlech souguer Spaass. 


Wann s du fir eng Prüfung oder een Exame léiere muss, da fänk un, däi Léierprogramm ze organiséieren, soubal s du den Datum weess! Sief ëmmer virbereet!


Wann s du Hëllef brauchs fir deng Ziler ze setzen oder däi Léierprogramm opzesetzen, da mell dech bei mir




5 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page