![ASOU! Léiere wéi ee léiert!](https://static.wixstatic.com/media/6ea38f_bef2b9226ed941d0876945f3bdfd96fd~mv2.png/v1/fill/w_232,h_113,al_c,q_85,usm_0.66_1.00_0.01,enc_auto/6ea38f_bef2b9226ed941d0876945f3bdfd96fd~mv2.png)
Asou
![](https://static.wixstatic.com/media/a3c153_3592f141741849e8b2cb99afa8e3a412~mv2.jpg/v1/fill/w_147,h_105,al_c,q_80,usm_0.66_1.00_0.01,blur_2,enc_auto/a3c153_3592f141741849e8b2cb99afa8e3a412~mv2.jpg)
WËLLKOMM A EISEM SHOP
Hei fannt Dir Bicher (Dir kënnt der och vill iwwer Audible lauschteren) iwwer verschidde Léiermethoden, awer och iwwer gewaltfräi Kommunikatioun, déi menger Meenung no an der Primärschoul enseignéiert solle ginn. Ee Wee zum autonome Léieren!
Fir op d'Säit vun Amazon ze kommen, klickt einfach op ee Bild!
Gewaltfräi Kommunikatioun
An dësem digitalen Zäitalter ass et immens wichteg, datt mir léieren, wéi mir mat méi Empathie matenee schwätzen. Mat Empathie schwätzen heescht och gutt nolauschtere kënnen. Mir mussen net ëmmer mat eise Kanner jäizen oder si bestrofen. Mir kënnen och gewaltfräi mat hinne kommunizéieren. Dës Aart vu Kommunikatioun soll, menger Meenung no, schonn an der Primärschoul ugewannt ginn. Wann eis Kanner fréi léieren, wéi ee matenee kommunizéiert, kënnen si als Erwuessener déi beschten Noperen, Leader, a Frënn sinn. Si kënne muer besser Mënschen si wéi mir haut.
![Balanced Objects](https://static.wixstatic.com/media/11062b_68de6b1a67ae45fa9ca762e900c7f2d0~mv2.jpg/v1/fill/w_147,h_103,al_c,q_80,usm_0.66_1.00_0.01,blur_2,enc_auto/11062b_68de6b1a67ae45fa9ca762e900c7f2d0~mv2.jpg)
MNEMO-TECHNIKEN
Wéi ech déi éischte Kéier d'Buch "Der Schlüssel zum perfekten Gedächtnis" vum Timo Mistler gelies hat, war ech verwonnert, wéi einfach et dach ass, fir Léiermaterial kuerz- oder laangfristeg am Kapp ze behalen. Ech hu vill vun den Übungen, déi am Buch beschriwwe sinn, selwer ausprobéiert. Dofir weess ech, datt dës Methode fonctionéieren.
Ech hat eng Kéier Ausschnëtter aus dem Memorial fir een Examen ze léieren. Wann Dir eng Kéier de Memorial gelies hutt, wësst Dir, datt den Text langweileg geschriwwen ass a guer net interessant wierkt. Ech hunn eng Loci-Technik ugewannt beim Léieren. An zwar hunn ech Schlësselwierder aus dem Text mat Géigestänn aus menger Kummer op eng ganz witzeg Manéier matenee verbonnen. Am Examen hunn ech mir just meng Kummer virgestallt an hu ronderëm mech gekuckt. Dunn hunn ech d'Froe mat engem Grinse beäntwert a konnt meng Blieder no 30 Minutten ofginn. Resultat: 14,3 vu 15 Punkten!
![Stationary photo](https://static.wixstatic.com/media/11062b_a6e1bb8d93704b859a65ba5d3dd3645a~mv2.jpg/v1/fill/w_147,h_92,al_c,q_80,usm_0.66_1.00_0.01,blur_2,enc_auto/11062b_a6e1bb8d93704b859a65ba5d3dd3645a~mv2.jpg)
Mindmapping
Ech selwer benotze Mindmapping haaptsächlech fir Riede virzebereeden. Awer och fir Projeten, wéi zum Beispill: Ech wënsche mir jo, datt all eis Kanner scho vun der Primärschoul aus un déi verschidde Léier-Techniken enseignéiert kréien.
Fir dat ze erreeche wëll ech natierlech och bis bei den Educatiouns-Minister goen, fir mat him déi eventuell Schrëtt ze diskutéieren. Wann dee Moment dann do ass, wëll ech net onvirbereet sinn.
Dofir hunn ech elo schonn e puer Mind Maps prett, wou ech him meng Visioun erklären a weise kann. Zum Beispill hunn ech eng Mind Map, wou ech mengen, wéi d'Léiermethoden an de verschidde Cyclen agebaut kéinte ginn. Eng aner Mind Map weist menger Meenung zimmlech genau, wéi eng Roll d'Regierung dobäi spillt an d'Schrëtt, déi se muss maachen, fir dat alles ze realiséieren.
Foto-Liesen a Schnell-Liesen
Foto-Liesen ass déi éischt Léier-Technik, déi ech geléiert an och benotzt hunn. Ech ka mech erënneren, datt meng Mamm mir enges Daags een Zeitungsartikel ze liese ginn hat.
Deen Artikel hat e bësse méi wéi eng hallef Säit vu Plaz geholl. Ech hu mir den Artikel ugekuckt, wärenddeem meng Mamm mat mir geschwat hat. A manner wéi enger Minutt hat ech den Artikel verstanen a konnt mat menger Mamm doriwwer diskutéieren. Ech konnt hir souguer ee Feeler am Artikel weisen.
Meng Mamm war richteg verwonnert, datt ech mir sou wéineg Zäit geholl hat, fir den Artikel ze liesen. Allerdéngs war ech méi verwonnert wéi si. Deemools hat ech mir d'Buch vum Paul Scheele réischt e puer Méint virdru kaaft.
![White Structure](https://static.wixstatic.com/media/11062b_e6d34c816aa7425bbe8c6be8f73e50b1~mv2.jpg/v1/fill/w_147,h_98,al_c,q_80,usm_0.66_1.00_0.01,blur_2,enc_auto/11062b_e6d34c816aa7425bbe8c6be8f73e50b1~mv2.jpg)
D'Vera Birkenbihl-Method
Ech muss leider zouginn, datt ech dem Vera Birkenbihl seng Method selwer nach net ausprobéiert hunn. Ech hat bis elo nach net de Wonsch, eng aner Friemsprooch ze léieren. Mee e puer Bicher vun him hunn ech gelies. Ech verstinn dës Technik, well se ass logesch.
Eng friem Sprooch beherrschen, ouni Grammatik a Vokabele léieren. Et schéngt den éischte Moment fir eis onvirstellbar ze sinn. Awer d'Vera Birkenbihl (hatt gëtt dacks als Queesch-Denkerin duergestallt) huet a senge Bicher erkläert, datt mir selwer eis Mammesprooch och net mat Grammatik a Vokabele léiere geléiert hunn. Wéi mir nach am Bauch vun eise Mamme waren, hu mir eis Sprooch schonn e bësse matkritt. Als Baby an als Kand hu mir der Sprooch nogelauschtert an nogeschwat, bis mir et richteg konnten. Do war näischt mat Grammatik oder Vokabele léieren. An awer beherrsche mir eis Sprooch ganz gutt. Mam Vera Birkenbihl senger Method kënne mir eng aner Sprooch méi schnell a besser beherrschen, wéi wa mir se op traditionell Aart a Weis léieren. An da kënne mir och an der anerer Sprooch denken.
![Musician](https://static.wixstatic.com/media/11062b_135cd32e9ff046f4ae787258cc5602b8~mv2.jpg/v1/fill/w_147,h_83,al_c,q_80,usm_0.66_1.00_0.01,blur_2,enc_auto/11062b_135cd32e9ff046f4ae787258cc5602b8~mv2.jpg)
Vedesch Mathematik
Mathematik ass ee Fach, datt wierklech net jiddwerengem gefält. Och ech hat net vill Spaass u Mathematik, wéi ech nach an d'Schoul gaange sinn. Dofir hunn ech mech e bësse gezunn, wéi ech no Léiermethode fir dëst Fach recherchéiert hunn.
Et war an engem Buch iwwer Speed-Learning, wou ech dunn op vedesch Mathematik getraff sinn. An deem Buch waren e puer Beispiller opgezielt, déi ech esou einfach a logesch fonnt hunn, datt ech mech méi dofir interesséiert hunn.
Wéi all Léier-Technik ass och vedesch Mathematik kee Wonnermëttel, an awer hëlleft dëst Method ganz vill. Et léiert een, wéi een, zum Beispill, méi grouss Multiplikatiounen am Kapp ausrechent. Bréch, Quadrater, Prozenter, Wierfelen a Gläichunge kënnen och mat Liichtegkeet berechent ginn. Dofir sinn ech dofir, fir vedesch Mathematik schonn an der Primärschoul ze enseignéieren. Mat der Optioun, datt een och nach aner Systemer a Betruecht hëlt, déi vläicht grad sou gutt oder besser ze verhale sinn. Ëmmer mam Hannergedanken, datt d'Schoul rëm méi Spaass maache soll!
![Sphere on Spiral Stairs](https://static.wixstatic.com/media/11062b_952485dce28e4eac9e9f09d63fdc9ada~mv2.jpg/v1/fill/w_147,h_147,al_c,q_80,usm_0.66_1.00_0.01,blur_2,enc_auto/11062b_952485dce28e4eac9e9f09d63fdc9ada~mv2.jpg)
Speed-Learning
Hei hunn ech nach e puer Kompakt-Bicher fonnt, déi weise kéinten, wéi eis Primärschoulen organiséiert kéinte ginn, fir datt Léieren an an d'Schoul goen, rëm vill méi Spaass mécht.
Natierlech bedeit dat Ännerungen an Ëmstellungen. Awer menger Meenung no ass all Effort et wäert, wa mir kënne gesinn, datt eis Kanner gären an d'Schoul ginn, datt si gäre léieren a souguer Freed dobäi hunn, an datt si ee Beruff léieren, deen hinne wierklech zouseet. Allerdéngs hëllefen dës Methoden net nëmmen eise Kanner. Och d'Enseignanten an d'Eltere profitéieren dovunner. D'Enseignanten hu vill manner Depressiounen an d'Elteren, wann si net grad schaffen, hu méi Zäit, fir eppes mat hire Kanner ze ënnerhuelen (well d'Kanner brauche manner Zäit fir ze léieren).
Wann d'Léiermethoden an der Primärschoul etabléiert sinn, kann een iwwerleeën, fir de Sport méi an de Schoulprogramm ze integréieren. Mee dat ass den nächste Schratt.