top of page
Modern Architecture

Asou = A sou ass dat! Ech verstinn.

Wéi komme mir op déi Iddi?

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Ech sinn de Marco Glaesener a war ni ee gudde Schüler. Mäin Diplom als Elektro-Mechaniker hat ech deemools sou just verdéngt. Allerdéngs hat ech et an der Aarbechtswelt nëmmen dräi Méint a mengem Beruff gepackt. Duerno war ech Sécherheetsbeamten a Caissier op enger Tankstell, laang Joren. An e puer Sportshalen hunn ech dann als Concierge geschafft. 

 

Ech war an der Scheedung, wéi ech als Concierge geschafft hat. Meng Kanner hat ech deemools net vill gesinn, awer wéi all Papp wollt ech natierlech, datt si an der Schoul trotz allem gutt Punkte schreiwen. Als Concierge huet ee vill Zäit fir ze iwwerleeën an ze liesen. Dat hunn ech dunn och gemaach an hu Recherchen iwwer Léiermethode gemaach. Sou sinn ech op dat Buch vum Paul Scheele, Photoreading; gestouss. Ech hunn alles, wat an deem Buch steet, genausou gemaach, wéi et geschriwwe war. Et war erstaunlech, wat ech no e puer Méint alles konnt maachen. Ee groussen Zeitungsartikel konnt ech an e puer Sekonne verstoen. Bei Bicher konnt ech ganz schnell d'Schlësselwierder erkennen a bannent enger Woch hat ech déi wichtegst Saache verstanen a konnt se uwennen. 

​

Sou gutt ech konnt, hunn ech déi Method menge Kanner bäibruecht. Spéider hunn si mir erzielt, datt hinnen dat gehollef hat. Si haten déi Technik nach Joren duerno op der Uni benotzt. 

​

Natierlech hunn ech net opgehalen, no weider Léiermethoden ze fuerschen. Duerch Bicher liesen hunn ech mir Schnell-Liesen a Mnemo-Techniken ugeléiert. Well ech grad an der Léier fir Schwammmeeschter war, hunn ech déi verschidden Techniken natierlech ugewannt. Sou hunn ech fir d'Tester an d'Exame geléiert. Wärend der Léier hunn ech och de Camions-Führerschäi gemaach, nëmme fir déi nei ugeléiert Techniken ze testen. Deen hunn ech mat Liichtegkeet gepackt an och mäin Diplom als Schwamm-Lehrer hunn ech mat zimmlech gudde Punkte kritt. Ee mëttelméissege Schüler sinn ech net méi. 

​

Virun e puer Joren hunn ech mir iwwerluecht, wat ee kéint maachen, fir datt méi Leit déi Methode geléiert kréien. Iergendwann ass mir kloer ginn, datt schonn an der Primärschoul ugefaange muss ginn. Wann d'Kanner scho fréi geléiert kréien, wéi ee léiert, hunn si déi allerbeschte Chancen, fir ee wierklech autonomt Liewen ze féieren a fir deen Diplom vun hirem Liblings-Beruff ze kréien. Dëst Joer am September hunn ech dunn eng Petitioun lancéiert, fir ebe grad dat ze erreechen. Déi Petitioun ass den 20ten Oktober 2023 ob en Enn gaangen, mat vill ze wéineg Ënnerschrëften. 

​

Trotzdeem hunn ech nach net opginn. Dëse Site hunn ech an d'Liewe geruff, fir déi verschidde Léiermethoden zu Lëtzebuerg méi bekannt ze maachen. Duerch Course wëll ech mäi Wëssen iwwer d'Léier-Technike weider vermëttelen. An dat wëll ech maachen, bis de Kanner an de Primärschoulen a ganz Lëtzebuerg, dank enger eenheetlecher Formatioun vun de Schoulmeeschteren, déi verschidde Léiermethode geléiert kréien.

 

Sou datt si all kënne soen: Asou! A sou geet dat! Ech verstinn.

Photo de Marco Glaesener qui sourit
Graduation Caps
bottom of page